Maurice Barrès
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Maurice Barrès | |
---|---|
Gebuer |
19. August 1862 Charmes |
Gestuerwen |
4. Dezember 1923 Neuilly-sur-Seine |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Politiker, Romancier, Journalist |
Member vun | Académie française, Ligue de la patrie française |
Famill | |
Kanner | Philippe Barrès |
De Maurice Barrès, gebuer den 19. August 1862 zu Charmes an de Vogesen, a gestuerwen de 4. Dezember 1923 zu Neuilly, war e franséische Schrëftsteller a Politiker, an eng vun den Haaptfigure vum franséischen Nationalismus zu enger Zäit, an där vill Fransouse vun enger Revanche gedreemt hunn, fir Elsass-Loutrengen zeréckzehuelen.
De Barrès war den aflossräichste Schrëftsteller vu senger Zäit a gouf als "Prince de la jeunesse" gefeiert. Hien huet sech an d'Politik engagéiert a gouf mat 27 Joer als Deputéierte vun Nanzeg gewielt. Hien huet awer heiansdo op dat falscht Päerd gesat. Sou war hien den eenzegen Intellektuellen, deen 1889 dem populistesche Generol Boulanger seng politesch Aventure ënnerstëtzt huet. Am Kontext vun der Affär Dreyfus huet hien zu den "Antidreyfusards" gehéiert, an 1914-1918 huet hien d'Jugend opgefuerdert, sech fir d'Heemecht ze afferen. Domat ass hien als Excitateur patriotique an als Rossignol du massacre bezeechent ginn. Wann hie bis 1914-18 als Antisemit gegollt hat, sou war dat, nom Patriotismus, deen déi franséisch Judde wärend dem Éischte Weltkrich un den Dag geluecht haten, net méi de Fall. Trotzdeem hu seng verschidde Positioune mat sech bruecht, datt en no an no vernoléissegt gouf an haut als Denker, trotz senge grousse literaresche Meritten, zimmlech kritesch, heiansdo souguer ongerecht (vgl. Zeev Sternhell), betruecht gëtt.
Hien huet ë. a. de Charles Maurras (1868-1952) an de Jacques Bainville (1879-1936) méi oder manner beaflosst, an och - ënner villen aneren - de jonke Charles de Gaulle[1].
Fir un de Maurice Barrès z'erënneren krut eng Strooss zu Gaasperech säin Numm (rue Maurice Barrès).
Zitat
[änneren | Quelltext änneren]"Il [= Maurice Barrès]] était caporal en politique alors que dans le domaine de la littérature il était un général." - André Malraux
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Sous l'oeil des barbares; 1888.
- Un homme libre; 1889.
- Le jardin de Bérénice; 1891.
- Du sang, de la volupté et de la mort; 1894.
- Le roman de l'énergie nationale (Trilogie): 1] Les déracinés (1897) - 2] L'appel au soldat (1900) - 3] Leurs figures (1902).
- La Terre et les Morts; 1899.
- Les déracinés; 1902.
- Amori et dolori sacrum; 1903.
- La colline inspirée; 1913.
- Les Diverses Familles spirituelles de la France; 1917.
- Barrès - Romans et voyages (= Neiausgab vun den Haaaptwierker an 2 Bänn) : Band I, ënner der Leedung vum Vital Rambaud, mat engem Virwuert vum Éric Roussel; Paräis (Robert Laffont, collection 'Bouquins'), 2014; 1696 Säiten (Rééditioun vun der Ausgab aus dem Joer 1994); Band II, 1994; CLXIII & 1507 Säiten.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Antoine Compagnon (ënner der Leedung vum), À l'ombre de Barrès; Paräis (Gallimard - Collection "L'esprit de la Cité"), 2023; 176 Säiten.
- Emmanuel Godo, Maurice Barrès: Le grand inconnu (1862-1923); Paräis (Tallandier), 2023; 688 Säiten.
- Estelle Anglade-Trubert, Maurice Barrès - Un destin solitaire; Paräis (Éditions du Cerf), 2023; 308 Säiten.
- Yves Chiron, La vie de Barrès; Erscheinungsplaz onbekannt (Éditions Godefroy de Bouillon), 2000.
- Sarah Vajda, Maurice Barrès; Paräis (Flammarion), 2000. - Dozou, vgl. den Artikel vum Richard Sourgnes, Les erreurs de Barrès, in 'Le Républicain lorrain / 7 HEBDO' vum 17. Dezember 2000!
- Sternhell Zeev, Maurice Barrès et le nationalisme français; Paräis (Cahiers de la fondation nationale des sciences politique, n° 182; Éditions Armand Colin), 1972.
- Maria-C. Haller, Lyrisme de Maurice Barrès à travers "Un Jardin sur l'Oronte"; onverëffentlecht Diplomaarbecht (Uni Stroossbuerg), 1951.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Maurice Barrès – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ François Kersaudy: Le monde selon De Gaulle (Tallandier, 2019), Bd. II: Le Général à livre ouvert...; S. 364, Foussnott 2